|
Nav4All Worldwide Mobile Phone Navigation and Tracking & Tracing PRESSPressecommuniqué En Newcomer weist den etabléierten Navigatiounssystemer de Wee. Fir den Ablack esou guer nach ganz ëmsoss ... De Maart fir Navigatiounssystemer ännert sech permanent. Am Ufank ass alles mat den deiere Bordsystemer gefuer, duerno ass den hollänneschen TomTom op de Maart gestiermt mat engem méi ekonomeschen, portable Gerät. TomTom huet ganz séier eng grouss Zuel vun Investoren iwwerzeegt. Nodeems de Produit um Maart war, ass de Wäert vun der Firma an d'Luucht geschoss. An elo sinn se all, net nëmmen deen un der Bourse notéierten TomTom, mee och all aner Zorte vun Navigatiounssystem-Provider, iwwerrascht gi vun engem Navigatiounssystem, dat vill besser, méi ekonomesch an, fir de Moment, total gratis ass: Nav4All. Navigéiere mat engem GSM D'Strategie vun Nav4All ass onerhéiert simpel. Et gëtt keng extra Hardware gebraucht, just e GSM an a GPS-Receiver. De System léisst sech mat engem Wuert beschreiwen: einfach. De Benotzer gëtt iwwert säi GSM en Zil un. De GSM kontaktéiert den zentrale Computer, deen d'Route bannent e puer Sekonne bestëmmt a se dann un de GSM zeréckschéckt. A lass geet et. Dat eenzegt, wat de modernen Navigator brauch, ass e GSM an a GPS-Receiver, déi zesummen net méi wéi 150 Gramm weien. Fir de Rescht ass den neie System esou einfach wéi keen aneren: d'Route gëtt net op detailléierte Kaarte beschriwwen, mee en einfache Feil weist riichtaus, no riets ofbéien a sech mat Zäit areie bei enger Strooss mat méi Bunnen (wat bei ville Systemer feelt). En Hallefkrees an der Linn bedeit, dat een am nächste Rondpoint riicht derduerch muss fueren. D'Instruktioune sinn einfach gehale fir d'Autoschaufferen net ofzelenken. Wat d'Instruktioune méi simpel an eendeiteg sinn, wat se besser z'interpretéiere sinn. D'Onsécherheet, wéi eng Strooss ze huelen ass, léist sech op wéi Glace am Schäffche well d'Instruktioune sinn däitlech an einfach ze verstoen. All onnéideg Informatioune goufen ewech gelooss. Wann an 30 Kilometer eng Ausfaart kënnt, seet de System Iech net, datt d'Ausfaart da kënnt, mee guidéiert Iech just roueg weider riicht aus... Fir Leit, déi net op den Display wëlle kucke mee léiwer den Instruktioune lauschteren, offréiert Nav4All 55 Sproochen a méi wéi 100 verschiddene Stëmmen. Hei gouf déi selwecht Taktik applizéiert: all onnéideg Informatioun gouf op der Säit gelooss; de System gëtt nëmme weider, wat wichteg ass. Einfach simpel. Keng Käschten, keng Aschränkungen… Déi am beschte bekannten Navigatiounssystemer sinn u relativ deier Hardware gebonnen, an d'Joresabonnementer fir Routen-Servicer kaschten net wéineg, obschonns dës Servicer dacks nëmmen e begrenzten Aktiounsradius ubidden. Den neien Challenger vun der etabléierter Navigatiounshierarchie kennt dës Nodeeler net, well di meeschte Leit scho längst e GSM hunn. E GPS-Receiver ass en nëtzlecht Gerät, dat einfach ze kréien ass, a bis de 01-01-2010 sinn och keng Abonnementskäschten ze bezuelen. Mir erhoffen eis, datt duerno d'Abonnementskäschten tëschent 0.50 € bis maximal e puer Euro pro Mount wäerte leien, an dat fir e bal weltwäiten Navigatiounsservice. E gratis Abonnement ass och nach eng Méiglechkeet. Aktualiséierung vun anere Systemer. Benotzer vun TomTom, Wayfinder, Route 66, Activepilot, Co-pilot an all aneren Navigatiounssystemer kënnen einfach vun de Méiglechkeete vum neien Navigatiounsprovider profitéieren. D'Hardware fir déi aner Provider kann als Bluetooth GPS-Receiver fir deen neie System agesat ginn. Andeems se mat Nav4All Software schaffen, kënnen d'Benotzer vun "alen" Systemer net nëmme gratis d'Informatiounen iwwer d'Stroossen aktualiséiere loossen, mee si kréien och e bal weltwäiten Aktiounsradius zur Verfügung gestallt. Net am Buttek ze kréien. Nav4All gëtt net an de Butteker verkaaft, wat Sënn mécht, well e kascht jo näischt… Dësen neien Navigatiounsdéngscht ka gratis aus dem Internet oder iwwer eng SMS, déi vun engem anere Benotzer koum, erofgeluede ginn. Dat eenzegt, wat vum Benotzer verlaangt gëtt, ass, datt hie sech registréiere léisst, an duerno spillt erëm de GSM d'Haaptroll. Geheimnis. Nav4All ass eng hollännesch Initiativ. Dat ass och net weider verwonnerlech, well d'Hollänner als eng vun den éischten "Seefahrer"-Natiounen ëmmer schonn drun interesséiert waren, d'Geheimnisser vun engem Horizont, dee sech konstant erweidert, ze ergrënnen. Si hunn d'Konscht vun der Navigatioun beherrscht a wossten se bis an d'Detailer ze perfektionéieren. Duerfir ass et keen Zoufall datt d'Firmen, déi déi kartographesch Informatioune fir d'ganz Welt liwweren, mat deenen zwee Navigatiounssystemer schaffen, déi hir Wuerzelen an Holland hunn: TeleAtlas an NAVTEQ, déi vun der hollännescher Firma Philips gegrënnt gouf. Nav4All benotzt d'kartographesch Technologie vun NAVTEQ. |
CONTACT |
PRESS
|
BERUFFLECHEN ASAZ
|
NEIEGKEETEN
PHONES | GPRS |
DATESCHUTZ
|
GESCHÄFTSBEDINGUNGEN
| TERMS OF DELIVERY | ABOUT US
© 2008 Nav4All B.V. All rights reserved. | www.nav4all.com