CONTACT |   PRESS |  BERUFFLECHEN ASAZ |  NEIEGKEETEN
PHONES | GPRS |  DATESCHUTZ |  GESCHÄFTSBEDINGUNGEN | TERMS OF DELIVERY | ABOUT US
© 2008 Nav4All B.V. All rights reserved. | www.nav4all.com

 GESCHÄFTSBEDINGUNGEN
 GEBRAUCHSBEDINGUNGE VUN NAV4ALL

WANN DIR OP DEN “D'ACCORD”-KNÄPPCHE KLICKT, BESTÄTEGT DIR, DATT DIR MAT DE GESCHÄFTS- A GEBRAUCHSBEDINGUNGEN VUN NAV4ALL, WÉI SE HEI ËNNEN DRËNNER STINN, AVERSTANE SIDD:


1. Nav4All ass eng Navigatiounshëllef déi Dir bis de 01-01-2010 gratis kënnt benotzen. Dir benotzt Nav4All op Basis vum aktuellen Zoustand (“as is”), wat keng Form vu Garantie mat sech bréngt, zum Deel, well Nav4All mat Date vu Liwwerante schafft, z.B.  NAVTEQ. De Gebrauch vun Nav4All geschitt ganz op Ären eegene Risiko. Dir sidd responsabel fir Äert Verhale beim Fueren.

2. Heimat erkennt Dir un, datt all Rechter (inklusiv all Rechter vun intellektueller Propriétéit) un Nav4All exklusiv bei Nav4All B.V. an/oder senge Liwwerante leien.

3. Nav4All B.V. a seng Liwweranten kënnen net haftbar gemaach gi fir wéi e Schued och ëmmer deen duerch déi direkt oder indirekt Benotzung vun Nav4All entstanen ass. Heimat séchert Dir Nav4All B.V. a seng Liwweranten of géint all Uspréch vun drëtte Parteien, déi aus Ärer Benotzung vun Nav4All entstinn oder domat an Zesummenhang stinn.

4. Är Relatioun mat Nav4All B.V. ënnersteet eleng hollänneschem Recht. All Sträitfall tëschent Iech an Nav4All B.V. gëtt (mat Ausnam vun allen net-hollänneschen Organer vun der Rechtsspriechung, déi op Basis vu lokalen, provinziellen, nationalen an/oder internationale  Rechtsbestëmmungen dozou désignéiert sinn) exklusiv virun dat betreffend zoustännegt Geriicht zu Amsterdam (NL) bruecht. Nav4All B.V. behält sech awer d'Recht vir, e Verfahre vun enger einstweileger Verfügung (procédure en référé) an egal wéi engem Land anzereechen.

5. Nav4All gëtt ëmmer weider entwéckelt. Nav4All kann adaptéiert oder verbessert ginn, ouni datt Dir virdrun doriwwer informéiert gitt. Benotzt ëmmer di neiste Versioun.

6. Dës Geschäftsbedingungen sinn op hollännesch opgesat an a vill Sproochen iwwersat ginn. Am Fall wou et Ënnerscheeder tëschent der hollännescher Versioun an der Iwwersetzung sollte ginn, gëlt den hollänneschen Text.

STOPPT W.E.G. D'INSTALLATIOUN VUN NAV4ALL WANN DIR DËS GESCHÄFTSBEDINGUNGEN NET AKZEPTÉIERT.